Lycée Ermesinde

Lycée public autonome à plein temps

Stäerkte viru Schwächten

Lycée Ermesinde

Lycée public autonome à plein temps

Stäerkte viru Schwächten

Den 22. Mee invitéiert d’Ëmweltkommissioun Gemeng Lëntgen an de Lycée Ermesinde op d’Projektioun vum Film “Vu Buedem Bauzen a Biobaueren”. Dëse Film bitt en Abléck an d’Biolandwirtschaft. Et ass wichteg eng Landwirtschaft ze hunn, déi och nach an honnert oder dausende vu Jore bestoe kann.
Am Film begéint een verschiddene Protagonisten, déi de Wee vun der Biolandwirtschaft ageschloen hunn a weider mat Iwwerzeegung hannert dëser Iddi stinn. Sie weisen an erziele wéi ëmfangräich d’Entwécklung an de leschte Jore bei der Produktioun, Vermaartung a Fuerschung an dësem Beräich vun der Landwirtschaft war.
No der Projektioun gëtt et e Bio-Patt offréiert vum Lycée Ermesinde.
●Sprooch: Lëtzebuergesch ●Ënnertitel: FR/EN ●Auerzait: 19h ●Wou : Theatersall (LEM) ●Fräien Entrée