(L) Siwe Leit matt siwe ganz verschidde Perséinlechkeeten hunn alleguer eppes gemeinsam : se ware viru 15 Joer Premièresschüler an engem bekannte Mierscher Lycée. Haut treffen se fir d’éischt no 15 Joer erëm alleguer openeen. Et sollt e flotte, lëschtegen Owend ginn, mee dat Ganzt hellt séier eng dramatesch Wendung an endegt an enger Katastroph … Léiwt Publikum, stellt iech op e spannende Krimidinner voller Iwwerraschungen, Geheimnisser an dramatesche Momenter an, an droot ären Deel zur Opléisung vun engem dramatesche Krimi bäi.
D’Steck ass op lëtzebuergesch.