Vum 14. bis de 25. Oktober huet d’Wanderausstellung Lëtzebuerger Sprooch(en) vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch Statioun am CDI vum LEM gemaach. Eng ganz Rei Klassen hu mat hiren Enseignanten d’Geleeënheet genotzt, fir sech vun de Spezialist*inne duerch d’Expo féieren ze loossen, bei engem Rallye matzemaachen, a méi gewuer ze ginn iwwer d’Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg. An deem Kader huet de Filmhistoriker Yves Steichen och e Virtrag gehalen zum Thema Sprooch(en) am Lëtzebuerger Film.