Lycée Ermesinde

Lycée public autonome à plein temps

Stäerkte viru Schwächten

Den 21. Mee war de LEM mat 100 Schüler um Start vun der alljährecher LASEL-Course „Laaf ronderëm de Séi“, an den Opwand huet sech gelount. Am Ganze waren 1.472 Schüler aus Lëtzebuerger Lycéeën dobäi.

Net manner wéi 13 Schüler vum LEM hu sech ënnert déi 50 beschte Leefer vun der Course klasséiert. Deen zweetbeschte Lycée hat der nëmme fënnef an den Top 50. Zousätzlech konnten d’Schüler vum LEM véier Podiumsplazen erreechen.

De LEM hat domat bei Wäitem déi bescht Resultater vun allen Lycéeën um Start, an eise Schüler Damien Pechon konnt d’Course souguer am Generalklassement gewannen.

Eis Podiumsplazen an de verschiddene Kategorien
– Général garçons « Affilié » : Damien Pechon – 1. Plaz
– Général filles « Non-Affilié » : Amy Peters – 2. Plaz
– Cadets garçons « Non-Affilié » : Charel Reckinger – 2. Plaz
– Minimes garçons « Affilié » : Nolan Matias – 1. Plaz

Den Nolan Matias huet als „Minime“ zousätzlech nach eng impressionant 11. Plaz am Generalklassement erreecht. Wat eng Leeschtung!

Déi 13 LEM-Schüler am Top 50 vum Generalklassement

1.Damien Pechon

11.Mathias Nolan

21.Jachym Kotecky

22.Mylo Lisboa

23.Diego Lopez

27.Charel Reckinger

35.Louis Bertemes

39.Renz Chateau-Ducos

40.Jempy Schaus

41.Charel Buchler

43.André Cunha Soares

44.Jakub Dolezel

50.Eduard Constantin

E grousse BRAVO un all eis 100 Schüler déi um Laaf deelgeholl hunn!!!