Studierees op Auschwitz-Birkenau / actualitĂ©s / By Xavier Thein November 11, 2022 An der Allerhellegevakanz huet eng Delegatioun vum LEM eng pedagogesch Rees a Polen op Auschwitz-Birkenau gemaach. OrganisĂ©iert gĂ«tt dĂ«s all Joers an zanter 25 Joer vun der Associatioun TĂ©moins de la 2e gĂ©nĂ©ration. 2001 gegrĂ«nnt, setzt d’ASBL sech gĂ©int Intoleranz, Rassismus, Xenophobie an Antisemitismus an.DâSchĂŒler waren dohinner, fir dat wat si aus de Geschichtsbicher kennen, ze gesinn. A Begleedung vum Marc Schoentgen, dem Vize-President vun der ASBL TĂ©moins de la 2e gĂ©nĂ©ration. An der Emissioun âAm Fongâ um Radio 100,7  iwwermĂ«ttelen dĂ©i jonk SchĂŒler tĂ«schent 18 an 22 Joer hir AndrĂ©ck an dat, wat si iwwer d’Shoah gelĂ©iert hunn.