D’Entreprise Sätzwierk invitéiere all d’Klassen vum Lycée un hierem Schreifconcours Lemme Write deel ze huelen. Dëse Schreifconcours gëtt am Kader vun der Journée du livre et du droit d’auteur, déi den 23. Abrëll war, organiséiert.
D’Thema vun dësem Joer ass “Kleng a grouss Helden”.
Gedichter, Geschichten, Songtexter iwwert dëst Thema (De, Lu, Fr & En) kann een bis den 23. Mee am CDI ofginn.
Ausserdeem proposéiert Sätzwierk och nach e klenge Literaturquiz am CDI. Dëse Quiz gouf organiséiert vum Mia Mallinger, enger Schülerin aus der Entreprise.
Weider Informatiounen : saetzwierk@lem.lu