Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg vun dësem Joer gouf dat éischt Buch vun eiser Schülerin Lena Differding virgestallt: “Aaron und die Kräfte der Elemente” ass 2019 an 2020 als Travail personnel entstanen, an 2021 beim Nationale Literaturconcours ausgezeechent ginn. Et ass e Fantasy-Roman, deen sech u Kanner a Jugendlecher ab 10 Joer riicht.
Um Chrëschtmaart wäert d’Lena aus dem Buch virliesen, an natierlech kënnt dir dann och ären Exemplar kafen. Och bei eis am CDI ass d’Buch disponibel. Méi Informatioune fannt dir hei:
Mir géifen eis freeën, wann dir d’Lena a säi Buch géift ënnerstëtzen!