Eis Sportsentreprise Dragons, zesummegesat aus engagéierten a motivéierte jonke Sportlerinnen a Sportler, huet am Laf vum Joer mat staarke Leeschtungen op sech opmierksam gemaach. Vill gutt Resultater a Podiumsplazen hunn dozou bäigedroen, datt mir mat vill Asaz, Disziplin an enger staarker Zesummenaarbecht déi 6. Plaz vun 53 Lycéeën an de Participatiounen a Klassementer vun der LASEL erreecht hunn. Eng ganz staark Leeschtung, mat där mir ganz zefridde sinn!
Klassement vun de Lycée’en:
1-LAML 2-LGL 3-AL 4-ALR 5- LNB 6-LEM (…)
Bescht Resultater vun der LASEL am 1. Semester
Hei e puer vun de beschte Resultater vun eisem éischte Semester:
Football – Championnat Futsal Seniors
3. Plaz fir d’männlech Equip
Athlétisme – Axxess Cross
1. Plaz: Amy Peter (Cadettes)
4. Plaz: Alexander Kremer (Minimes)
5. Plaz: Charel Büchler (Cadets)
Volleyball
3. Plaz fir d’Equipe mat:
Alex Lamy, Lucie Vermeulen, Sam Vanecek, Eva Krier, Noémie Els, Hugo Tilier, Shane Willmes & Ayrom Mputu
Football – Championnat Futsal Cadettes
3. Plaz fir d’weiblech Equipe
Volleyball – Championnat Double
2. Plaz fir d’Equipe: Emilia Jason & Natnael Tekle
Mir si stolz op all eis Sportlerinnen a Sportler, déi mat vill Engagement a Teamgeescht dës Resultater méiglech gemaach hunn. D’Dragons vum LEM bleiwen um gudde Wee!