Lycée Ermesinde

Lycée public autonome à plein temps

Stäerkte viru Schwächten

Lycée Ermesinde

Lycée public autonome à plein temps

Chelsea Studios organiséiert reegelméisseg nei Eventer an der Mëttesstonn fir eis Schüler. Hei geet et ëm Spaass, Beweegung a Kreativitéit.


Chelsea Airways Contest

Maach mat beim Pabeierfliger-Concours vun Chelsea Studios op der Passerelle nieft dem Open Space um 1. Stack! De Prinzip ass einfach: Deem säi Fliger am wäitste flitt, gewënnt. Hei geet et ëm Geschécklechkeet an ween de beschte Bauplang fir säi Fliger huet. Fir 50 Cent hues du dräi Versich zegutt. Déi dräi Éischt gewanne Chocolat vum Atelier des Gourmets.

Donkey Pong
Chelsea Studios invitéiert dech op déi alljärlech Ping-Pong Battle am Preau! Komm spontan laanscht a spill mat! Wärend de Qualifikatioune gëtt nom Prinzip „Win or lose“ gespillt: Wien de Match verléiert, ass eraus – mee ka fir 50 Cent nach eng Kéier matspillen a probéieren ze gewannen. D’Finale ass Freides, den 21. November. Den éischte Preis sinn Kopfhörer am Wäert vun 60 €!