Lycée Ermesinde

Lycée public autonome à plein temps

Stäerkte viru Schwächten

Lycée Ermesinde

Lycée public autonome à plein temps

Dëst Joer hat d’Entreprise Arts et Métiers sech ënner anerem virgeholl, eng flott Chrëschtstëmmung an de Preau vum Lycée ze bréngen. Säit Ufank vum Schouljoer d’Entreprise u verschiddene Konzepter geschafft, fir eng flott Chrëschtdekoratioun ze entwéckelen. D’Zil war et, eng Dekoratioun ze gestalten, déi käschtespuerend an och nees benotzbar ass an esou de Piliers vum SEE vun der Schoul entsprécht.

Wichteg war et och, datt d’Schülerinnen an d’Schüler hir eegen Iddien an de Projet abezeihe konnten. Duerch d‘Zesummenaarbecht vun de Schüler aus all den Ateliere vun der Entreprise, ass eng interessant a kreativ Mëschung aus ënnerschiddleche Stiler entstanen.

Am leschte Schouljoer hat d’Entreprise vun der Schoulbibliothéik iwwer 200 ausrangéiert Atlasse geschenkt kritt. Wéi dës Bicher sollten upgecycelt ginn, war am Ufank nach onkloer, bis d’Iddi vun der Chrëschtdekoratioun entstanen ass. D’Landkaarte goufe gefaalt, Säiten zu dräidimensionale Forme gepëscht an aus de Blieder goufen ënner anerem Girlande gebitzt.

Aus Kartong, deen deelweis aus Liwwerunge koum, souwéi aus onbenotztem Pabeier fir Moudeskizzen, goufe grouss Schnéiflacken, Dännenzappen a Stäre geschnidden.

Aus ale Rummemodeller aus Holz, goufe Stären zesummegenéelt, déi elo d’Lounge verschéineren.

Um Gelänner op der Bréck hänkt e grousst, selwer gemoolt Chrëschtbild mat dräidimensionalen Elementer wat d’Visiteuren an der Entrée begréisst.

Ënnerstëtzt gouf de Projet vun der Entreprise Circles, déi d’Slacklines un de Betonpiliere befestegt a gespaant hunn. Un dëse konnt Dekoratioun sécher opgehaange ginn.

Mat dësem Projet hofft d’Entreprise Arts et Métiers, zu enger gemittlecher a festlecher Atmosphär am Lycée Ermesinde bäizedroen.

Mir wënschen iech all ganz schéi Feierdeeg!

Text: Leslie Weissen, Entreprise Arts et Métiers